Super-8 Film Meetings 2018

Dënschdeg , 7 & 28 August, 17h-20h30
Atelier D, Dudelange

Och dëst Joer gëtt et nees de Film-treff am Atelier-D. Mär weisen ob eng einfach an onkomplizéiert Aart a Weis wie ee mat Super-8 Film schaffe kann. Dëst Joer kréien di Leit di matmaachen d’Chance mat Faarffilm ze schaffen.

Um Programm stinn:

  • All Info iwwert Super-8, Kameraen, Filmmatérial, Projekteren, Filmentwecklung…
  • Klenge technesche check-up vu Kameraen a Projekteren (du kanns och däin Equipement mat bréngen).
  • Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene Faarf Filmchen no déngen Iddi’en a Launen.
  • Mär weise wie ee Faarf Filmer selwer an der Dunkelkammer entwéckele kann.
  • Projektioun vu Filmer an Transfert ob een digitale Support.

 

Preis: D’Meetingen si gratis;

Wanns du selwer ee Film dréie wëlls kascht et 40 Euro pro Film (3min 20sec) mat der Entwécklung.

Dauer: Ëmmer Dënschdeg vu 17h00 bis 20h30

Participanten: 4-6 Leit

Alter: Ab 14