Super-8 Film Meetings 2018

Dënschdeg , 31 Juli vu 17h bis 20h30 (1.Rendez-vous)
Atelier D, Dudelange

Och dëst Joer gëtt et nees de Film-treff am Atelier-D. Mär weisen ob eng einfach an onkomplizéiert Aart a Weis wie ee mat Super-8 Film schaffe kann. Dëst Joer kréien di Leit di matmaachen d’Chance mat Faarffilm ze schaffen.

Um Programm stinn:

  • All Info iwwert Super-8, Kameraen, Filmmatérial, Projekteren, Filmentwecklung…;
  • Klenge technesche check-up vu Kameraen a Projekteren (du kanns och däin Equipement mat bréngen)
  • Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene Faarf Filmchen no déngen Iddi’en a Launen;
  • Mär weise wie ee Faarf Filmer selwer an der Dunkelkammer entwéckele kann;
  • Projektioun vu Filmer an Transfert ob een digitale Support.

Preis: D’Meetingen si gratis;

Wanns du selwer ee Film dréie wëlls kascht et 40 Euro pro Film (3min 20sec) mat der Entwécklung.

Dauer: Ëmmer Dënschdeg vu 17:00 bis 20:30
Participanten: 4-6 Leit (umelle w.e.g.)

Alter: Ab 14

Wéini:
31 Juli (Introduktioun)
7 August (Introduktioun)
28 August (Filmentwécklung)
4 September (Filmentwécklung)