Nuddelswalzwierk

Dëst ass eng experimentell DIY Nuddelswalzstrooss mat 3 Walzgerëschter an enger Riicht/Schnéidmaschinn fir eng kontinuéierlech Tagliatelle Produktioun, déi fir d Alerte Gourmande den 26. Oktober 2019 entwéckelt gouf.

D’Material sinn 3 ausgeléinten Nuddelswalzen, en Dëschelduchlaafband, Holz aus dem Stock, an als Ënnerkonstruktioun en alen Stuffendësch.

Fir eng optimal Produktioun ginn 3 Operateuren gebraucht déi sech ënnerenaner selwer koordinéieren (ouni Viraarbechter).

Konzept & Realisatioun : Serge Ecker & Anima Folschette, fir d’Alerte Gourmande 2019