Savoir-Fer II

Mercredi, 29 August, 18h-22h

Mir léiere Grondkenntnësser am Ëmgang mat Stol an Eisen: wat fir eng Materialënnerscheeder ginn et, wéi gëtt elektresch geschweesst, geschlaff, gebéit asw.

Mir baue mat Recuperatiounsmaterial (Aalt Eisen, Reschter aus Atelieren a.s.w.) nei Objeten zesummen.

 

Keng speziell Virkenntnësser néideg, Erfahrung am Emgang mat elekresche Maschinnen ass vu Viirdeel.

 

W.e.g zoue Kleeder a fest Schong (besser : Sëcherheetsschong) matbréngen.

 

Schutzbrëller an Händsche ginn et sur place.

 

Lieu : Atelier D, Dudelange
Déroulement du cour : toucher, couper, meuler, souder, assembler…
Nombre de participants maximale : 8
Frais de participation : 25 €
Age : à partir de 18 ans
Durée : 4 heures

Polaroid Workshop 2018

Dënschdeg, 21 August, 17h-20h30 

Zenter 2017 existéiert Polaroid nees ënnert dem Numm Polaroid Originals, du hues vläicht nach eng al Polaroid Kamera di’s du gären wëlls probéieren, oder einfach Loscht eng aner Instant Fotografie ze probéiere wou ee mi weit ka goen, als nëmmen ee Snapshot ze maachen ?

 

Um Programm stinn:

  • Léier d’Polaroid Kameraen a veschidde Formater kennen.
  • Du kanns deng eegen Kamera mat brénge fir en check-up.
  • Maach deng Instant Biller a Faarf oder Schwaarz-Weis.
  • Mär weisen där wéis du Polaroid Biller kreativ weiderverschaffe kanns. 

Preis:15 Euro (5 Polaroid Biller)

Dauer: 17:00 bis 20:30

Participanten: 4-6 Leit

Alter: ab 14

Faarfdiafilm Workshop 2018

Dënschdeg, 14 August, 17h-20h30
Atelier D, Dudelange

 

Faarfdiafilmer ginn ëmmer mi rar, den Ament gëtt et just nach een deen se produzéiert. Wann’s du Loscht hues eemol mat Faarfdiafilm am Format 6×6 ze schaffen da maach mat.

 

Um Programm stinn:

  • Faarf Diaen am Format 6×6 am, a ronderëm dem Atelier-D knipsen.
  • Entwécklung vun de Faarffilmer am Labo.
  • Rummen a Projektioun vun den Diaen.

Preis:15 Euro (5 gerummten Diaen)

Dauer: 17:00 bis 20:30

Participanten: 4-6 Leit

Alter: ab 14

Super-8 Film Meetings 2018

Dënschdeg , 7 & 28 August, 17h-20h30
Atelier D, Dudelange

Och dëst Joer gëtt et nees de Film-treff am Atelier-D. Mär weisen ob eng einfach an onkomplizéiert Aart a Weis wie ee mat Super-8 Film schaffe kann. Dëst Joer kréien di Leit di matmaachen d’Chance mat Faarffilm ze schaffen.

Um Programm stinn:

  • All Info iwwert Super-8, Kameraen, Filmmatérial, Projekteren, Filmentwecklung…
  • Klenge technesche check-up vu Kameraen a Projekteren (du kanns och däin Equipement mat bréngen).
  • Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene Faarf Filmchen no déngen Iddi’en a Launen.
  • Mär weise wie ee Faarf Filmer selwer an der Dunkelkammer entwéckele kann.
  • Projektioun vu Filmer an Transfert ob een digitale Support.

 

Preis: D’Meetingen si gratis;

Wanns du selwer ee Film dréie wëlls kascht et 40 Euro pro Film (3min 20sec) mat der Entwécklung.

Dauer: Ëmmer Dënschdeg vu 17h00 bis 20h30

Participanten: 4-6 Leit

Alter: Ab 14