Super-8 Film Meetings

Film-Treff iwwert Super-8 Filmformat.

1-15.8 am Atelier D

20294350_865078756975597_648439850533891126_n

 

Alles iwwert Super-8 wat’s du wëssen, oder probéiere wëlls. Entdeck op eng onkomplizéiert Aart a Weis wi flott et ass mat richtegem Film ze schaffen.

All Info iwwert Super-8, Kameraen, Filmmatérial, Projekteren, Entwecklung…; Techneschen check-up vun denger Kamera an/oder Projekter deens du nach doheem oder beim Bopa um Späicher fënns;

Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene schwarz-wäiss Filmchen no déngen Iddi’en a Launen. Mär weise wéi een seng schwarz-wäiss Filmer selwer entwéckele kann;

Projektioun vu Filmer, Transfert ob DVD.

Präis: 25 Euro pro Film (+-3min.) mat der Entwécklung

Dauer : 4 Stonnen

Participanten: 6 Leit

Alter: ab 14

Wéini:

1 August 17:30

8 August 17:00

15 August 17:00

Intervenants: Guy Bollendorf & Dan Cao

Reservatiounen: info@dkollektiv.org / bollembos@gmail.com