Fix a Fënster

Fixing windows / Fënstere flécken

 

Sunday/Sonnden 17.9.2017, 14h-ca.18h

Donneschden, 21.9.2017, ab ca. 18h30

Denschden, 26.9.2017, 15-18h30

More Dates to be announced / Weider Daten kommen no

(English abstract) The winter comes – we need your help to fix the windows of Atelier D! Requirements: Protective gloves and glasses (some available). If you have: Silicone pistol and transparent window silicone. Donations of colored window glass welcome. Free participation, please register by a short mail to info@dkollektiv.org

Den Hall Fondouq as en groussen eidelen Raum den duerch seng rieseg Fenstersäaiten vum Dagesliicht beliicht get.  Mee vill Fensteren sin am Laaf vun den Jorzengten vum Abandon duerchlächert an zerbrach gin. Fir dass d’Haal méi vivabel soll gin a bis an déi kaal Joreszaiten ka genotzt ginn, as d’Idee d’Fensteren ze flécken, net ze ersetzen, mee d’Lächer ze flécken, mat faarwegem Glas. Nodeems mir schon e ganze Koup faarwegt Glas récupéréiert hun, hu mir no e bessen Recherchen an Réckschléi su lues dat Material kennegeleirert an elo eng gudd Method fonnt fir daat unzegoen.

Den Ufank as gemaach, mee elo kenne mir natierlech méi Hänn gebrauchen, déi wellen hellefen, dat unzegoen, ier den Wanter kennt mee mat e bessen Hellef as dat duerchaus realiséierbar. Also, kommt a fléckt eng Fenster, a léiert dobai, wéi…

Material :

  • Dir braucht Hänschen an ee Schutzbrell (e puer stinn der zur Verfügung ;
  • Wann dir doheem hudd : eng Silikonpistoul ;
  • Spenden vun faarwegem Flaachglas, och Brochstécker (kee Fläscheglas) an transparentem Fenstersilikon si wëllkomm ;
  • Vue dass mir Amateuren op deem Gebidd sin si mir och frou iwwer all Profi den eis nach kann zousätzlech Tips ginn.

 

Lieu :

Atelier D (Hall Fondouq), Site du Laminoir, Route de Thionville, Dudelange

Responsabel :Nicolas Graf

Aschreiwungen w.e.g. per kuerz mail un info@dkollektiv.org

Gratis participatioun

Ab 18 Joer / From 18 years

participation à vos risques et périls / participation at your own risk