Polaroid Workshop 2018

Dënschdeg, 21 August, 17h-20h30 

Zenter 2017 existéiert Polaroid nees ënnert dem Numm Polaroid Originals, du hues vläicht nach eng al Polaroid Kamera di’s du gären wëlls probéieren, oder einfach Loscht eng aner Instant Fotografie ze probéiere wou ee mi weit ka goen, als nëmmen ee Snapshot ze maachen ?

 

Um Programm stinn:

  • Léier d’Polaroid Kameraen a veschidde Formater kennen.
  • Du kanns deng eegen Kamera mat brénge fir en check-up.
  • Maach deng Instant Biller a Faarf oder Schwaarz-Weis.
  • Mär weisen där wéis du Polaroid Biller kreativ weiderverschaffe kanns. 

Preis:15 Euro (5 Polaroid Biller)

Dauer: 17:00 bis 20:30

Participanten: 4-6 Leit

Alter: ab 14