De Super 8 Film-treff ass am VEWA a geet a säi 4 Joer. Mär weisen ob eng einfach an onkomplizéiert Aart a Weis wie ee mat Super-8 Film schaffe kann.
Dëst Joer gëtt nees mat Faarf Film geschafft.
Um Programm stinn:
- All Info iwwert Super 8, Kameraen, Filmmaterial, Projekteren, Filmentwecklung…;
- Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene Filmchen no déngen Iddi’en;
- Mär weise wei ee Filmer selwer an der Dunkelkammer entwéckele kann;
- Projektioun vu Filmer an Transfert ob een digitale Support.
Präis:
D’Meetingen si gratis.
Wanns du selwer ee Film dréie wëlls kascht et 40 Euro pro Film (3min 20sec) mat der Entwécklung an dem Transfert an den digital Format.
Dauer:
Ëmmer Freides vu 15:00 bis 19:00
Participanten:
5 Leit pro Sessioun (umelle w.e.g. info@dkollektiv.org)
Alter:
Ab 16
Wéini:
05 August – Introduktioun, Format a Kamera
12 August – Laboratoire, Entwécklung a Transfert
19 August – Introduktioun, Format a Kamera
26 August – Laboratoire, Entwécklung a Transfert
E Plang fir dohinner fannt der op :
http://dkollektiv.org/index.php/informations-pratiques/