Archives (2016-2025)
- Publié le
Verluecht op den 31.8.2017, 17-20h am Atelier D

Du hues vläicht nach eng al Polaroid Kamera an engem Schaf leien, oder einfach Loscht eng aner Instant Fotografie ze probéiere wou ee vill mi weit ka goen, als nëmmen ee Snapshot ze maachen?
Bréng deng eege Kamera mat fir en check-up oder fir direkt der mat ze schaffen. Léier d’Polaroid Kameraen an veschidde Formater kennen. Maach deng Instant Biller a Fuerf oder Schwaarz-Weis.
Mär weisen där wéis du deng eegen Emulsiounslifter kanns maachen, a stellen där weider kreativ Méiglechkeete fir.
- Publié le
Film-Treff iwwert Super-8 Filmformat.
1-15.8 am Atelier D

Alles iwwert Super-8 wat’s du wëssen, oder probéiere wëlls. Entdeck op eng onkomplizéiert Aart a Weis wi flott et ass mat richtegem Film ze schaffen.
All Info iwwert Super-8, Kameraen, Filmmatérial, Projekteren, Entwecklung…; Techneschen check-up vun denger Kamera an/oder Projekter deens du nach doheem oder beim Bopa um Späicher fënns;
Schaffe mat der Kamera, dréi däin eegene schwarz-wäiss Filmchen no déngen Iddi’en a Launen. Mär weise wéi een seng schwarz-wäiss Filmer selwer entwéckele kann;
- Publié le
Noize/experimental music night at Atelier D
Thursday 10.8.2017 – Start: 20h

WItness 3 bands in action when they unravel the potential music dissonances and harmonies lying dormant in unused silence.
Free entry, lots of space, and no good excuses to be anywhere else!
- Publié le
Donneschden 17.08, 18-21h

Wollst du emmer léieren wéi een Schwaarz&Waiss Fotofilmer an der Déischterkummer entweckelen kann ? Breng e Film mat Fotoen an du kriss gewisen wéi een dat mecht.
Präis: 5 Euro
Dauer: 3 Stonnen
Participanten: 10 Leit
Alter: ab 16
Wéini: Donneschden 17.08 vu 18:00 bis 21:00 Auer
Intervenant: Marcel Wolff
Reservatiounen: info@dkollektiv.org
- Publié le
13. & 20.8.2017, 14 – 18h

Wellst du herausfannen wéi een Fotoen mat enger Schungkescht hellt an se dono selwer am Labo entweckelt ? Dann komm lanscht !
Fir d’éicht bauen mir eis Pinhole Cameraen an dono waerten mir den Ort exploréieren an Fotoopnahmen machen. D’Fotoe waerten mir dono am Fotoslabo selwer entweckelen.
Präis: 7 euros (breng Keschten mat, kleng an grouss, aus Karton, Holz oder Metal)
Dauer: 4 Stonnen
Participanten: 6 Leit
Alter: ab 8
Wéini : Workshop 1: 13 August vu 14:00 bis 18:00
Wéini : Workshops 2 : 20 August vu 14:00 bis 18:00
Intervenant: Justine Blau
Reservatiounen: info@dkollektiv.org
- Publié le